Eise President

De Bob Morbach ass 30 Joer al, gebierteg vu Steesel an zanter 2020 President vun eiser lokaler CSV-Sektioun. Am Joer 2023 trëtt hie mat senger Equipe bei de Gemengewalen un: „Och an deenen nächste Joere muss zu Steesel d’Liewensqualitéit vun alle Bierger weider verbessert ginn. Duerfir setze mir eis an“, ënnersträicht de Bob.

Wat stellt hie sech ënnert enger nach besserer Liewensqualitéit vir? Op där enger Säit si fir hien den Ausbau vun de Gemengeninfrastrukturen (Schoulcampus Steesel, zäitgeméisse Recyclingcenter) an de Fonctionnement vun der Verwaltung an de Gemengendéngschter ganz wichteg. All eenzele Bierger, all eenzelen Awunner muss ëmmer am Mëttelpunkt stoen an eescht geholl ginn.

Hie gesäit sech och als Garant fir een dynamescht Veräinsliewen. Desweideren ass et fir de Bob a seng Equipe och méi wéi kloer, datt zu Steesel weiderhin eng familljefrëndlech Politik muss gemaach ginn. Familljen dierf et un näischt fehlen.

Aner wichteg Punkte sinn d’Erhalung vum Steeseler Duerfcharakter, e verbesserten Héichwaasserschutz a virun allem eng Baupolitik, déi d’Liewensqualitéit virun de Wuesstem setzt. Awer och eng transparent, objektiv a modern Kommunikatioun läit dem Bob um Häerz. D’Bierger solle fréi iwwer nei Projeten informéiert an och an des Projeten agebonne ginn.

Firwat engagéiert sech de Bob an der Gemengepolitik? Fir hien ass et wichteg, datt och jonk Leit Verantwortung iwwerhuelen, datt si sech fir d’Gesellschaft an d’Allgemengheet asetzen. De Bob ënnersträicht, datt een net nëmme ka fuederen a kritiséieren, mee datt een och selwer muss mat upaken.

Hien trëtt derfir an, datt och no de Gemengewalen 2023 déi Politik weidergefouert gëtt, déi d’CSV an deene leschten 10 Joer entscheedend matgestalt huet: Zanter 2011 duerch de Marcel Oberweis an der Koalitioun mat der LSAP an zanter 2015 duerch de Jean Rossy als Member vum Schäfferot. Zu dëser Politik gehéieren ënnert anerem d’Renaturéierung vun der Uelzecht, d’Erneierung vum Duerfkär, an den Ausbau vun der Schoul- a Sportinfrastruktur.

De Bob a seng Equipe wëllen awer och nei Akzenter an der kommunaler Politik setzen. Des Akzenter mussen de verännerte Realitéiten no der Pandemie an der Energiekris Rechnung droen. Dofir ass eng vun de Prioritéiten d’Ausschaffen vun engem neien Mobilitéitskonzept.

Eng weider Prioritéit fir d’CSV-Equipe ass d’Klima- an d’Energiekris. Och d’Steeseler Gemeng muss op hirem Niveau derzou bäidroen, fir Léisunge ze fannen an d’Kris ze iwwerwannen. Hei mussen déi kommunal Aktiounen beschleunegt ginn, ugefaangen mat enger Neibewäertung vum Energiebilan vun de Gemenge-Gebaier verbonne mat enger Sanéierung do, wou et néideg ass, bis hin zu enger finanzieller Ënnerstëtzung vu Privathaushalter beim Ausbau vun den erneierbaren Energien. Dëse Summer mat sengen Temperaturrekorden an enger extrem laanger Drécheperiod huet gewisen, firwat dëst Handelen sou wichteg ass.

An deene nächste Jore musse mir an all dëse Beräicher séier Fortschrëtter maachen. Mir mussen decidéiert a solidaresch handelen. Fir d’CSV Steesel ass et awer entscheedend, dobäi d’Bierger matanzebezéien an net nëmme vun uewen erof Virschrëften ze maachen.

De Bob ass zanter 10 Joer Member vun der CSV. Zanter 2014 ass hie Member vum Comité vun der Sektioun Steesel, a vun 2016 bis 2020 war hien Sekretär Adjoint. 2017 ass hien eng éischte Kéier fir d’CSV mat an d’Gemengewalen zu Steesel gaangen. De Bob ass och zanter 2018 President vun der kommunaler Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun, déi ënnert anerem all Joer een Charity Run an e „Young- & an Oldtimer“-Dag organiséiert.

De Bob huet ee Master an der Ekonomie a Finanzen. No senge Studien huet hien 3 Joer bei enger Lëtzebuerger Bank geschafft. Säit 5 Joer schafft hien als Ekonomiste fir d’Lëtzebuerger Finanzopsiicht, d‘Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF).