Eise Wahlprogramm: Steesel liewen. CSV Wielen.

Leif Matbierger a Matbiergerinnen,

Eis politesch Partei, d’CSV, ass houfreg Iech an dësem Heft hire Bilan, ewéi och hir Ideen fir eng gemeinsam Zukunft virzestellen.

Dir wësst alleguerten, datt zënter de leschte Wahlen, eng Koalition LSAP/CSV eis Gemeng gefouert huet.

Dës Zesummenaarbecht war positiv an deem Sënn wou verschidden Ideen konnten verglach ginn. Dei doropshin getraffen Entscheedungen woren dodurch mei equilibréiert.

Et schéngt op der Hand ze leien, datt wann Dir mat der vergaangener Aarbecht zefridden sidd, an eis Ideen fir eng nach besser Zukunft deelt, dat der d’CSV Equipe den 8 Oktober 2017 stäerke sollt.

An dësem Heft, sin eise vergaangene Bilan ewéi eis nei Ideen opgelëscht.
Merci fir eis duerch är Stemmen den 8 Oktober 2017 äert Vertrauen ze erneieren.

JEAN ROSSY

Eischte Schäffen