Stellungnahm zu eiser Koalitioun

Mir sinn ganz houfreg driwwer, Iech matdeelen ze kënnen, dass d‘Comiteeën vun der CSV Steesel an vun der LSAP Steesel decidéiert hunn, eis Koalitioun aus de leschte 6 Joer weiderzeféieren.

Dozou am folgenden Artikel puer Iwwerleeungen vun eis.

Analyse

Erlaabt eis mat enger klenger Analyse vun de Steeseler Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017 unzefänken.

Ze bemierken ass, datt keng Gréng Partei méi dobäi war. Wien konnt also de Gréngen hir 12% Stëmmen ierwen?

Ganz kloer déi lokal DP. Mat hirem Plus vun ronn 7,5% huet Sie déi meescht Ex Gréng Stëmmen kritt. Duerfir kënnt DP nu op 4 Sëtz.

Bei der LSAP déi bei hiren 5 Sëtz bleift, ass dat erstaunlecht gutt Resultat vu Jean-Pierre Klein a Fernand Marchetti ervirzesträichen.

A bei der CSV, stelle mer eng quasi stabel Situatioun fest, mat awer enger phänomenaler 93% Progressioun vun hirem Schäffen, Jean Rossy.

Fazit

Souwuel LSAP ewéi DP brauchen e Partner fir iwwert 6 Sëtz Majoritéit ze kommen. An dee Partner ass ëmmer d’CSV.

Mir CSV sinn der Meenung datt beschriwwen Steeseler Resultat bedeit, datt déi al Koalitioun LSAP CSV net desavouéiert ass, a kann berechtegterweis weiderfueren.

Eng staark Oppositioun mat der DP kann dem gemeinsamen Interessi vun eiser Gemeng nëmmen zegutt kommen.

Duerfir eisen Entscheet mat der LSAP weiderzefueren obschonns DP eis verlackend Virschléi gemaach hat, ewéi z.B. de Buergermeeschterposten.

Fir eis CSV, ass dëst awer net dat wichtegt gewiescht, mee dem Wieler säin Wëllen.

Mir bleiwen beim 1. Schäffen mat der LSAP, deen och weider Jean Rossy heescht.

 

D’Stellungnahm am Video:

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.