Eis Sektioun

D’CSV-Sektiounen schaffen um Gemengeniveau, a representéieren eis Partei, an déi Politik fir déi mir stinn um Niveau vun der Gemeng. Et ass an de Sektiounen, wou e Groussdeel vum Parteiliewen stattfënnt. Et sinn d’Sektiounen déi garantéieren, datt d’CSV flächendeckend an alle Gemenge präsent ass, sou och an der Steeseler Gemeng. Si sinn och d’Plaz, wou sech am Kader vu Generalversammlungen a soss Manifestatiounen lokal d’Meenungsbildung an der CSV mécht.

Zu Steesel hunn mir eng ronn 150 Memberen, déi sech bal gleichméisseg op eis dräi Dierfer an der Gemeng opdeelen. Dës CSV Memberen gesinn sech op mannst eemol d’Joer fir eng regulär Generalversammlung oder bei aneren Manifestatiounen déi vun eiser Sektioun organiséiert ginn, wei zum Beispill eiser Steeseler Marche Gourmande. Dës Sektiounsmemberen wielen een Comité, deen sie am Alldag an der Sektioun representéiert. Eis Kandidatenlëschten, eise Wahlprogramm oder awer och eng méiglech Koalitioun mussen vun eiser Generalversammlung akzeptéiert ginn no de Conditiounen wéi se an den CSV Statuten sinn.

Zu Steesel ass d’CSV an enger Koalitioun mat der LSAP säit dem Joer 2011. Dobäi handelt et sech ëm dat Joer nodems LSAP nobal 20 Joer d’absolut Majoritéit verluer huet. Saït 2011 ass d’CSV och am Gemengerot mat 2 Memberen representéiert. An dëser Koalitioun huet d’CSV bis elo ëmmer den éischten Schäffen gestallt, deen sech haptsächlech ëm d’Ressorten Ëmwelt, Sport, Transport a Jugend bekëmmert huet.

(de gauche à droite) Fernand Marchetti, échevin ; Jean-Pierre Klein, bourgmestre ; Dan Kersch, ministre de l’Interieur; Jean Rossy, échevin ; Marcel Oberweis, conseiller communal

Vun 2011 bis 2015 war de Marcel Oberweis op dësem Posten, an nom Récktrëtt vum Tessy Scholtes als Gemengenconseiller ass den Jean Rossy nogereckëlt an huet och dun direkt de Schäffenposten vum Marcel Oberweis iwwerhol. D’Zesummenaarbecht zwëschen der LSAP an der CSV huet bis haut ëmmer engem ganz harmonëschen, frëndschaftlechen souwéi produktivem Kader stattfonnt. Och nom Récktrëtt Enn 2021 vum Buergermeeschter Jean-Pierre Klein ass dës Koalitioun weidergefouert ginn ouni datt sech eppes un deenen gudden Grondlagen vun der Zesummenaarbecht aus den vergangenen Joeren geännert hätt.

An den 90er Joeren vum leschten Joerhonnert war de Präsident vun eiser Sektioun den Erny Pletschette, dono 2001 ass de Marcel Oberweis zum Präsident gewielt ginn, deen dës Tâche bis 2015 ausgeübt huet, bis dësen als Schäffenrotsmember, an als Deputéiert opgehal huet. Vun 2015 bis 2020 war dun den Jean Rossy, eisen aktuellen Schäffenrotsmember de Präsident. Haut gëtt d’CSV Steesel vum Bob Morbach präsidéiert, him zur Säit stinn d’Lucija Duric an de Filipe Sampaio als Vizepräsidenten.