„Erausgepickt an ënnert d’Lupp geholl“

Wéi steet d’CSV zu déene ville Kulturarichtungen an eiser Gemeng?

Comment se positionne le CSV par rapport aux nombreuses installations pour la culture dans notre commune ?

 

D’Steeseler CSV huet an der Vergangenhéet all Projeten zum Bau vun dëse Arichtungen matgestëmmt, well si der Méenung ass, dass an enger opstriewender Gemeng mat bal 5000 Awunner och e seriösen a duerchduechten Kulturprogramm ugebuede muss ginn.

Am neien „Centre culturel“ zu Steesel mat iwer 200 Sëtzplatzen sollen Aktivitéiten wéi d’Opféieren vun Operetten a Chambermusekowender duerchgeféiert ginn. Villaicht kéint een och a Betruecht huelen eng Kanner- oder/an Jugendtheatergrupp an eiser Gemeng enstoen ze losssen, déi an dëser Arichtung prouwen an optriede kéint.

An der „Galerie am Duerf“ zu Steesel sollen déi verschidden Vernisssagen hir Platz hunn an et sollen hei awer och Versammlungen mat allgemengem Charakter ofgehalen kënnen ginn.

Am „Centre de loisirs Norbert Melcher“ fannen regelmässeg Manifestatiounen a Evenementer statt, déi sech rondërem eis Bierger an hir „Loisiren“ ,wéi de Numm et séet, dréien. Mir ënnerstëtzen dëst a sinn der Meenung dass éen hei d’Veräiner an Associatiounen aus der Gemeng encouragéiere kéint, fir och hei opzetrieden an esou ze weisen, wât sie alles ubidden kënnen. Et kéint een sech hei zum Beispill eemol am Joer d’Oofhaalen vun engem „Steeseler Veräinsdaag“ virstellen. Doriwwereraus kéinten hei intéresseiert  Museksgruppen optrieden, deene mir och ee Prouwsall zur Verfügung stelle wëllen.

„D’Maison de la Culture“ am Haff zu Steesel muss onbedingt mat méi Liewen erfëllt ginn. Et kéint een sech duerchaus virstellen, dass hei Konferenzen oder och Liesungen vun Auteuren an Chambersmusek oofgehaale ginn. D’CSV wëllt jo och ob dëser Plaaz een „Generatiounenhaus“ arichten. An dësem Kader géingen dann eng ganz Partie kulturell Manifestatiounen duerch d’Zesummeschaffen vun interesséierte Bierger aus allen Altersgruppen an ville Beräicher entstoen. D’Resultater heivun kéint, jé no dem wât et ass, an deene verschiddene kulturellen Arichtungen gewisse ginn. D’CSV setzt sech duerfir an, dass hei eng Erwuessenebildung durchgeféiert gett.

An dem neien Kultursall, dén zu Heeschdref elo gebaut gëtt, sollen och Aktivitéiten mat lokalem Charakter ofgehale ginn e.a. Generalversammlungen oder Optrëtter vu eiser Musek „L’Echo de l’Alzette“ an aanere Museksgruppen.

An der Sportshall „Alain Marchetti“ sollen virun allem sportlech Aktivitéiten ofgehalen ginn, duerchaus awer och greisser kulturell   „Megaevenemenrer“ e.a. d’Optrieden vun eiser Militärmusek.


Par le passé, le CSV a approuvé tous les projets de construction de ces bâtiments car il pense que dans une commune attirante qui compte bientôt 5 000 habitants il doit y avoir un programme culturel sérieux et bien réfléchi.

Dans le nouveau « Centre Culturel » de Steinsel, qui compte 200 places, il devra y avoir des représentations d’opérettes et des soirées dédiées à la musique de chambre. Peut-être pourrait-on apporter une contribution pour la formation d’un groupe théâtral d’enfants ou d’adolescents qui pourrait faire les répétitions et donner des représentations dans ce Centre Culturel.

Dans la « Galerie am Duerf » de Steinsel, il y aura différents vernissages et on pourra y tenir des réunions à caractère divers.

Au « Centre de Loisirs Norbert Melcher » ont lieu régulièrement des manifestations et événements tournés vers les citoyens et leurs loisirs. Nous soutenons cela et sommes d’avis que l’on peut aussi encourager les associations de la commune à faire des représentations et ainsi montrer tout ce qu’elles peuvent proposer. On peut s’imaginer qu’aura lieu ici par exemple une fois par an une journée des Associations. De plus, les groupes de musiciens intéressés, pour lesquels nous voulons d’ailleurs mettre une salle de répétitions à disposition, pourraient également s’y produire.

La »Maison de la Culture » am Haff doit absolument devenir vivante. On peut très bien s’imaginer que s’y tiendront des conférences ainsi que des après-midi ou soirées de lecture ou musique de chambre. Le CSV veut également faire de ce lieu une Maison des Générations. Dans ce cadre, on mettrait en place ,pour une grande part, des manifestations culturelles et cela grâce au travail en commun des citoyens intéressés, dans de nombreux domaines et pour toutes les classes d’âge. Les résultats de ce travail pourraient , le cas échéant, être présentés dans ces locaux.  Le CSV mise aussi sur la possibilité de mettre en place à cet endroit une Formation pour Adultes.

Dans la « nouvelle Salle de la Culture, » qui doit être construite à Heisdorf, il y aura également des activités à caractère local, par exemple des assemblées générales ou des représentations de notre groupe de musiciens « l’Echo de l’Alzette » ainsi que d’autres groupes.

Dans la halle de sports « Alain Marchetti », il devra y avoir avant tout des manifestations sportives, mais également des événements culturels de grande ampleur tel le concert de la Musique Militaire.