Message vun eisem Comité

Léif Leit,

Mat onser Internetsäit wëlle mir jidderengem Dieren opmaachen fir méi en direkte Kontakt zu eiser CSV-Sektioun ze kréien. Mir versiche regelméisseg op eiser Internet Säit iwwert d’Arbecht vun eiser Sektioun ze berichten.

Nächst Joer fannen rëm Gemengewahlen statt. Dofir sinn mir och am Moment amgangen de Contenu op dësem op de leschten Stand ze setzen. Och zu eise Kandidaten wéi och zu eisem Wahlprogramm fann dir op dësem Site all déi néideg Informatiounen.

Mee et soll net nëmmen eis Meenung zielen, och Är Meenung ass ganz wichteg zu allen Themen déi eis Gemeng betrëffen. Duerfir zéckt net a schreift eis äer Suergen a Problemer a schéckt eis se per eise Kontaktformular fir dass mir déi ugeschwaten Problemer an eisen Comitésëtzungen behandele kënnen.

Mir wënschen Iech eng flott an informativ Visite.

Är CSV Steesel