Filipe Sampaio

Filipe Sampaio

De Filipe Sampaio ass 44 Joer al, wunnt säit 12 Joer zu Steesel, an ass gebierteg vu Walfer.

De Filipe ass bestuet a Papp vun 2 Kanner. Dat ass och mat ee Grond firwat hien sech immens dofir interesséiert wat eis Steeseler Gemeng am Beräich vun de Kanner, souwéi der Schoul fir seng BiergerInnen unzebidden huet. Ugeschwat op dësen Punkt seet de Filipe: “Fir di Jonk a fir d’Familljen muss d’Offer u Servicer an Aktivitéiten an eiser Gemeng um selwechten Niveau wéi bis elo erhalen bleiwen, an weider konsequent verbessert ginn fir den zukünftegen Erausfuerderungen Rechnung ze droen.

Vu Formatioun ass de Filipe Ingenieur am Beräich Elektrotechnik. Seng Studien hunn hien direkt no sengem Universitéitsofschloss zur CEGEDEL, haut Enovos Luxembourg gefouert bei där hien elo schonn bal 20 Joer als “Key Account Manager” fir Industrie Client’en an gréisser Energieverbraucher schafft.

Seng Aarbecht esou wéi säin universitären Background bréngen awer och mat sech datt den Filipe ganz passionéiert ass vun all den Themen déi mat Energie an Nohaltegkeet zesummenhänken. Vu datt dësst Thema eng vum Filipe sengen politeschen Prioritéiten ass, couvréiert den Filipe dëst d’Thema an eisem Comité. Dowéinst huet hien och schonn beim Walprogramm vun 2017 d’Redaktioun vun dësem Deel zesummen mam Marcel Oberweis koordinéiert.

De Filipe ass Member vun der CSV Steesel säit 2016. Am selwechten Joer ass de Filipe och Member vun eisem Comité ginn, wou hien säit 2020 éischten Vizepresident ass. Et bleift ervirzesträichen datt de Filipe 2017 fir d‘éischt mat der CSV zu Steesel an d‘Gemengenwahlen gaangen ass. Dat wëll hien och am Juni 2023 zesummen mat senger Equipe nach eemol widderhuelen. Als Member vun der Exekutiv vun eiser Sektioun ass de Filipe och an d’Preparatioun vun den nächsten Gemengenwahlen ganz stäerk implizéiert.

A senger knapper Fräizäit spillt de Filipe an der Härenequipe vun eiser lokaler Alisontia Fussball, an ënnerstëtzt dëse Comité och fir de Veräin weider no fir zebréngen. De Filipe wees dowéinst och datt d’Veräinsliewen d’Häerz an d’Séil vun enger Gemeng ass, dat zu Steesel traditionell och eng besonnesch Bedeitung huet.