“Erausgepickt an ënnert d’Lupp geholl”

Wat versti mir ënner Dezentraliséierung?

Que comprenons-nous par décentralisation ?


Et ass wichteg, dat an der Zukunft rëm Wäert geluecht gëtt op dat direkt Liewensemfeld, dat mir z.B. lokal produzéieren an akafen. Do hätte mir fir d’alleréischt eis Baueren an der Gemeng, mat deene vill méi intensiv misst zesummegeschafft ginn, fir dass hir wäertvoll Produkter méi a besser an eiser Gemeng verwennt géinge ginn. D’Bierger kéinten dann och an d’Produktioun vu lokale Produkter agebonne ginn. Vill Leit an eiser Gemeng hunn e Gaart, den si net méi benotze fir Geméis oder Uebst ze produzéieren. An enger Zäit, wou eis Liewensmëttel aus der ganzer Welt kommen, mat all den domatter zusammenhängende Problemer, wär et gutt, wann e klengen Deel rëm lokal géing produzéiert ginn. D’Leit géingen sech kierperlech betätegen an „ökologesch“ wäertvoll Liewensmëttel ernten, béides ass gutt fir hir Gesondheet. D’Freed iwwer eng eege kleng Ernt, dréit zur Zefriddenheet bei. Wëssen, wéi eng Planze bei eis doheem sinn, wat wéini Saison huet, wéi Gaardeprodukter verschafft a konservéiert ginn …, géing erhale bleiwen. Jiddereen, den e Gaart huet, weess, dat een ëmmer rëm ze vill vun enger Zort Uebst oder Geméis huet. Den Austausch mat Noperen oder e klenge Maart zesumme mat eise Baueren, z. B. am Kader vum Generatiounenhaus kéint zou méi soziale Kontakter  am Duerf bäidroen. D’CSV well sech heifir asetzen.

 Il est important qu’à l’avenir nous donnions de nouveau de l’importance à notre environnement direct, c’est-à-dire que nous produisions et achetions localement, par exemple.  En premier lieu, il s’agit de collaborer mieux et davantage avec nos paysans afin que leurs produits précieux sont davantage utilisés au sein de notre commune. Ensuite, on devrait essayer d’impliquer également nos citoyens dans la production de produits locaux. Beaucoup de personnes dans notre commune ont un jardin qu’ils n’utilisent plus pour cultiver les fruits et les légumes. A une époque où les biens de consommation proviennent du monde entier, avec tous les problèmes qui en découlent, il serait bon qu’une petite partie de ces biens soient de nouveau produits localement. Les gens seraient physiquement actifs et récolteraient des produits « écologiques » ; ce sont deux bons points pour rester en bonne santé. La joie d’une petite récolte procure du bonheur. Savoir quelles sont les plantes de chez nous, lesquelles poussent à quelle saison, quels produits du jardin l’on peut produire et conserver …Qui a un jardin sait bien que l’on récolte toujours trop de fruits ou de légumes. L’échange entre voisins ou sur un petit marché en collaboration avec nos paysans locaux par exemple dans le cadre de la maison des générations pourrait amener à plus de contact social entre les personnes dans le village.