Schäfferotserklärung zum 05. Dezember 2011

Schäfferotserklärung zum 05. Dezember 2011

 

05 Dezember 2011

 

Kolleginnen a Kollegen vum Schäffen a Gemengerot,

Dir Dammen an Dir Hären vun der Press,

Dir Dammen an Dir Hären Auditeuren a Spektateuren,

Dir Dammen an Dir Hären,

 

Ech hun d’Eier an d’Freed Iech bei Geleenheet vun der éischter Sitzung vum Steeseler Gemengerot no de Walen vum 09. Oktober ze begréissen.

Ett wuaren zu Steesel déi 4. Walen am Proporzsystem. Déi 1. Proporzwalen an eiser Gemeng waren 1993. Bis dést Joer waren an den suksessiven Gemengeréit saït 1993 3 Fraktiounen vertrueden an zwar d’LSAP mat der absoluter Majoritéit, d’CSV an d’DP.

Dës Kéier ass d’Konstellatioun eng aner: 4 Fraktiounen am Gemengerot LSAP, DP, CSV, Déi Grëng mat respektiv 5, 3, 2, 1 Sëtzer.

D’LSAP huet also nett méi déi absolut Majoritéit.

Ett huet mussen no enger Koalitioun gekuckt ginn. D’LSAP huet de Wiessel vum Wieler octroyéiert kritt, an zwar vun der Majoritéit an eng eventuell Koalitioun, huet dat och realiséiert mat der CSV, déi de Wiessel vun der Oppositioun an eng Koalitioun mat der LSAP vollzunn huet.

Also 2 Parteien an keng 3 hunn de Wiessel faerdegbruecht!

D’LSAP huet 5 Sëtz, d’CSV huet de 2. Also eng zolitt Majoritéit mat 2 Fraen a 5 Männer, déi eng breed Plattform vun der kommunaler Bevölkerung duerstellen, an zwar 61,5 %.

Eng Equipe déi ett ganz bestömmt faerdegbrengt eis Gemeng beispillhaft ze féieren am Sënn vum Wuelbefannen vun hire Bierger, an deene Beraïcher wou eng Gemeng hir Zoustännegkeet huet, an daat ass waït- a breedgefächert.

D’Gemeng, mat hiren Gewielten, hiren Instanzen, hiren Kompetenzen, hirem Personal, hiren Dingschter, d’Kollektivitéit déi am nôtze beim Bierger ass, déi am beschte placéiert ass seng Uleiessen entgéintzehuelen oder se dohin ze leeden wou se ze behandele sinn an dem Bierger woumeiglech eng berechtegt Satisfaktioun ze verschâfen, engersaïts, ânersaïts Decisiounen ze huelen an se vollstrecken, fir Strukturen an Infrastrukturen ze schafen, déi d’intérêt général sinn, an domat den Niveau vu Liewensqualitéit an der beschtméiglecher Positioun ze halen an ze optiméieren. Déi Missioun huet och jiddfereen deen hei un dësem Dësch setzt.

Mir als Koalitioun hun duerfir e gemeinsamen Programm opgestallt deen mer Iech haut den Owend am Detail virstellen, an deen se an denen nächste 6 Joer sech virgeholl huet auszeféieren. Ech halen och drop fir alleguer deene Merci ze soen an ze félicitéieren déi de Courage haten fir sech de Walen ze stellen awer d’Chance nett hun fir haut den Owend hei am Gemengerôt ze sinn.

 

Ett ass eng al Gemengerôtsperiod vun 6 Joer ausgelaf. Mir stinn virun enger neier.

Déi läscht Period war nett ëmmer erfreelech. Bei waïtem nett!

2 brutal Akzidenter mat 4 Doudesaffer hunn vill ganz daïschter Wolleken iwer eis Gemeng zéie gelooss.

Nach eng Kéier bedaueren mer zudéifst dös Virfäll, vernaïpen aïs virun den Doudesaffer, drëcken hiren Famillen eist déifst Matgefill aus an hoffen datt esou eppes sech nett méi ereegent.

Jiddfereen deen hei mat implizéiert wuar huet daat nett gewollt, jiddfereen vun hinnen verdingt mënschlechen an moralëschen Baïstand.

 

Eise Koalitiounsprogramm den vun Nohaltegkeet geprägt ass:

 

Mir hun en Territoire vun 21,808 km2 an deem Mënschen schaffen, sech bewegen an a vum Territoire ewech, wou Animatioun ass, kultureller a sportlecher, wou Kanner op hirt spéidert Liewen matvirbereed ginn, wou Gesellegkeet sech entweckelt, wou Letzebuerger an Nett-Letzebuerger mat eneen eens ginn, wou Solidaritéit an den sozialen Zesummenhalt gefördert musse ginn, wou no allen Altersklassen vun eiser Gesellschaft muss gekuckt ginn, en Territoire wou ganz vill sech bewegt a wou mer derzou ze suergen hunn datt d’Emfeld an d’Emwelt stëmmen.

Ronderëm deem Gesellschaftsliewen , wat op deem urbaniséierten Deel sech ofspillt, eng wonnerbar Fauna a Flora, an enger Gringzon déi muss gefleecht an erhaale ginn. En Territoire deen un 7 aner Gemenge stéisst, an deem déi demografresch Entwecklung rapid vir séch gangen ass an nach weider virun geet, a wou d’Infrastrukturen bestänneg mussen dorun ugepasst ginn fir den berechtegten Usprech vun der Communautéit ze entspriechen.

 


I. D’Schoulen

 

D’Schoulen hun fier dës Koalitioun absolut Prioritéit. D’Ecole Fondamentale, mam Kand am Mettelpunkt, dréit maassgeblech derzou baï fir eis jengsten Generatioun op eng gesechert Zukunft ze preparéieren an déer se Responsabilitéiten ze huelen huet. Eng wichteg Viraussetzung fir d’Kanner ass déi, datt se gaeren an d’Schoul ginn, wou se motivéiert a gudd Personal begéinen, wou  d’Partnerschaft stëmmt, tëschent Kanner, Elteren, Inspektorat, Comité d’Ecole, Elterenvereenegung an Gemengeninstanzen. Eng Schoul wou Demokratie geléiert an gelieft gett, wou jiddferengem seng Rechter a Flichten respektéiert an agehaale ginn. Wou zesummen, ënnereneen, geschwaat gett iwer Programmer, Projets’en, wou zesummen d’Schoulcharta, de Plan de réussite opgestalt resp. besprach ginn, zesumme geplangt gett esouwuel um Niveau vun den Aktivitéiten wéi vun den Infrastrukturen. Dat féiert zu méi engem groussen Bewosstsinn vun de sozialen Kompetenzen an engem Interessi fir Demokratie.

 

Déi Erausfuerderungen fir d’Ecole Fondamentale ennerstetze mer voll a ganz.

Demokratie an der Ecole Fondamentale:

Wat sinn d’Zielsetzungen:

–       Entwecklung vun Waerter an Behuelen déi eng Gesellschaft ouni Violenz viséiereren. Dorënner faalen Toleranz, Solidaritéit an Verantwortung iwerhuelen, Waerter déi ëmmer gülteg sinn am Gesellschaftsliewen,

–       d’Méiglechkeet offréieren fir sech aktiv an den Entscheedungsprozesser an der Meenungsbildung ze bedeelegen. Eis Gesellschaft brauch nun eben kritësch a respektvoll Stëmmen. Och all daat schaaft e positivt Schoulklima, an domat wiesst och den Prozentsatz vun der Reussite. D’Léieren vun engem gudden gesellschaftleche Komportement hale Schrëtt mat engem erfollechraïchen intellektuellen Léieren.

 

Wat ëenerstetze mer fir daat ëmzesetzen:

 

–       de Klasserôt mat regelmässegen Gespréicher teschent Schüler an Enseignantsen wou een deem aneren seng Eegenheeten respektéiert,

–       schoulësch Inclusion, wat Behënnerter an friemsproocheg Kanner ugeet,

–       d’Schoulcharta, wou Rechter a Flichten vun all Partner festgehaale ginn, déi gefestegt gin an déi Personnalitéiten staerken.

–       d’Schülerparlament, wou kennen Perséinlechkeeten gestärkt ginn, Facultéiten an Talenter entweckelt, wou Vernetzungen kennen entstoen an ennerhaale ginn.

–       d’Ausbildung vun Mediateuren no deem beschtméiglechen Modell, fir datt Spannungen tëschent Schüler an Enseignantsen, ekartéiert ginn, dat begräift och eng verstaerkt Gewalt- an Suchtpräventioun.

 

Dat sin Emsetzungsméiglechkeeten déi sollen lues a lues agesat ginn.

 

Mir sinn amgang aïs iwer Ganzdagsschoulmodeller ze informéieren. Hunn schon zu Letzebuerg an am Ausland Rendez-Vousen geholl fir eis déi Modeller ukucken an unhéieren ze goen an se dann hei, no Instruktioun, zur Sprooch ze brengen an se no hiren Virdeeler ëmsetzen.

 

An d’Ecole fondamentale gehéiert och d’Gesondheetserzéiung, ass schon mam Ministère de la Santé ageleet, eng gesond Ernährung an dee sportlechen Ausglaich, mat der LASEP an an eise Sportsvereiner, Ernährung mat regionalen, saisonalen Produkter, leeft schon an eiser gudd fonctionnéirender Kantinn.

 

Méiglechkeeten schaafen fir kennen zu jidder Zaït op modern Informatiouns- an Kommunikatiounstechnologieen zreckzegraifen.

 

Wat am effikassten ass, d’Schülerzeitung oder de Kannergemengerôt, dat diskutéiere mer deemnächst hei mat dem zoustännegen Léierpersonal. E Projet-pilote fir Emweltkultur ënnerstëtze mer an an der nächster Sitzung waerte mer an deem Sënn d’Schoulorganisatioun ofänneren.

 

Der Präsenz vun engem héigen Prozentsaatz nett-letzebuergeschen Kanner gett an hirem Interesse Rechnung gedroen.

Den Schoulwee gett fir d’Kanner méi sécher gemat, d’Etude doriwwer hu mer, si gett ënnersicht, diskutéiert an dann ginn Moossnahmen proposéiert. Domat wëlle mer de Schoulwee manner geféierlech maachen fir den Individualverkéier bei de Schoulzentren ze reduzéieren.

De Pavillon grand-ducal „Am Gatter“ steet eisen Klassen zur Verfügung.

Di bestehend ausserschoulësch Aktivitéiten ginn weider ausgebaut.

D’Spillplaazen ginn moderniséiert.

Eis modern Schoulinfrastrukturen ginn ausgebaut:

Zu Heeschdref:

 

–       Eng Crèche an eng Maison Relais

–       Eng Turnhal = Concertssall fir eis Harmonie an Trainingsraum fir Sportvereiner inkl. fir Matcher vun Jugendequipen.

 

Vir Steesel hu mer e Konzept ausgeschafft wéi een den bestehende Schoulcampus kann ausbauen fir dem Accroissement vun der Schülerzuel an neien Dingschter wéi Bibliothèque, Mediathèque, Gemengenarchiv, gerecht ze ginn. Am Bestand also, an no de Besoinsen vun der Ecole Fondamentale an der Maison Relais.

 

Niewt der Ecole Fondamentale functionnéieren eis Maison Relaisen zu Steesel an Heeschdref. Gudd geféiert an equipéiert, zweck- an zielentsprechend. D’Hausaufgabenbegleedung ass a gudden Hänn, ofgestëmmt mat der Ecole Fondamentale.

 

Alles an allem hu mer

„Eng lieweg Schoul an eiser Gemeng“

déi mer ënnerstëtzen an weider ausbauen. Dat ass eisen  Obulus zur positiver Entwecklung vun eise Kanner an eisem Land!

 

II. JUGEND

 

An eiser kommunaler Gesellschaft muss d’Jugend méi eng staark Roll spillen. Mir mussen d’Jugend derzou brengen méi verstärkt un der Entwecklung an der Gestaltung vun der Gemeng matzeplangen. Si huet an deene Beraïcher eng Verantwortung. Ett geet em hie Zukunft an em déi zukünfteg Generatiounen. Et geet och em déi déi elo virun hinne sinn an déi kënne vun hirem Input profitéieren.

 

Um Plang vun der Integratiounsaarbécht vun Letzebuerger an Nettletzebuerger ass d’Associatioun vun de jonke Leit ganz nëtzlech. Dat gesi mer jo schon ganz besonnesch an den Kultur- an Sportsverainer wou vill Nationalitéiten sech begéinen. Do gett Komerôd- a Frendschaft gefleecht déi bis an den Erwuessenenalter duerchhaalen. Sou kritt d’Integratiounsaarbécht zolitt Wuerzelen.

 

Eng stark Representatioun vun den Jugendlechen an der Integratiounskommissioun ass vun groussem Virdeel fir positiv Resultater an den Aktiounen ze errechen. Iwregens ass ett wichteg datt jonk Leit an alle berodenden Kommissiounen staark vertrueden sinn.

 

Ausgebillt, kompetent an motivéiert Jugendelcher organiséieren d’Aktioun „Spill a Spass“ déi direkt am Ufank vun der Summervakanz uleeft. Aktioun déi derzou baïdréit fir den Kanner hir Fraïzaït an der laanger Vakanz sënnvoll an léierraïch opfëllt. Dat selwecht gellt och fir d’Vakanzaarbecht vun den Studenten am Alter vun 17 an 18 Joer, déi sech niewt der Erkenntnis vun Aarbecht am allgemengen Interessi, och nach kënnen en Täschegeld verdingen.

 

Fir d’Jugend waerte mer aïs derfir asetzen datt um „Steeseler Plateau“ eng Mountain Bike-Piste mat Accessoiren oppgeriicht gett. Dovunner kënnen och manner Jonker profitéieren. A fraier Natur ass dat eng Offer wou Jonk an Aal sech kënnen sportlech betätegen an eppes fir d’Gesondheet maachen, hiren Stress ofbauen.

Ais schwierft fir, fir dat tëschent den Aeppelbeemplantagen an der restauréierter Réimervilla ze maachen.

 

Et ass wichteg fir déi jonk Leit fir d’Aktivitéiten mat eisen Partnerschaftsgemengen Pacé (Jumelage) Großpertersdorf, Valmontone an Lukavac ze gewannen. Si sinn e wichtege Peiler an der Verwierklechung vun eisen Zielsetzungen, den europäeschen Integratiounsprozess hëllefen ze förderen, Erfarungen op allen gesellschaftlechen Gebidder auszetauschen, besonnesch och fir d’Integratiounsaarbecht op jiddferengem sengem Territoire. An den Bezéiungen mat den Partnerschaftsgemengen huet eis dynamesch Sektioun „Art à l’Ecole“ hiren Accord ginn fier eng kräfteg Hand matunzeleen.

 

Zesummen mam Service National de la Jeunesse an der Croix-Rouge an zesummen besonnesch mat eisem Jugendhaus Steesel-Koplëscht-Bridel an der JEUS waert op d’mannst eemol am Joer eng „Journée de la Jeunesse“ organiséiert ginn. Do steet kompetent Personal zur Verfügung fir déene Jugendlechen Ried an Aentwert ze stoen wat hir gesellschaftlech Problemer ubelaangt.

 

Wéi ëmmer si mir an der Gemeng zur Verfügung fir jonke Leit bei der Sich no enger Schaff behëlleflëch ze sinn.

 

Zesummen mat eisem Jugendhaus, deem mer méi eng grouss Publicitéit maachen, a mat eisen Jugendveréiner waerte mer am Laf vum Joer Manifestatiounen organiséieren, déi hieren Vierstellungen entspriechen.

 

Fir déi intergenerationnell Relatiounen ze verstaerken an ze festegen ass et vun groussem Notzen datt Jugendlecher an alle Veräiner an Institutioune matmaachen.

 

An deem Sënn wëlle mer Projetsen vun intergenerationnellen Haïser entwéckelen, wou jonk an erwuessen Generatiounen, all Generatioun, Letzebuerger an Net-Letzebuerger, Fraen a Maenner sech treffen, also Integratioun an alle Richtungen an generéiert déi intergenerationnel Solidaritéit.

 

III. SECHERHEET

 

D’Sécherheet an der Gemeng ass permanent am Aa ze haalen.

 

D’Séchereetsgefill vum Bierger ass nett ze ignoréieren.

Duerfir huet d’Gemeng, déi zoustänneg Organer, déi néideg Beméiungen ze ennerhuelen an déi effikassten Moyensen sur Verfügung ze stellen. Regelméisseg Kontakter mat der Regional- an Revéierpolizei féieren zur präventiver Aktioun vun deenen öffentlechen Dingschter. Präventioun virun der Repressioun. D’Visibilitéit vun der Polizei um Terrain wierkt präventiv. Op Geforepunkten an Geforenzonen um Territoire vun eiser Gemeng sinn d’Polizeiautoritéiten opmierksam ze maachen.

Den interkommunalen Präventiounskomitee, d’Gemengen Steesel, Luerentzweiler, Lëntgen, ass duerzou an d’Liewe geruff ginn, fier mat der Polizei koordinéiert Secherheetsbestëmmungen ze plangen. Vun deenen 3 Gemengen, an Zesummenaarbecht mat der Polizei ginn Sécherheetsinformationsowender organiséiert an zwar interkommunaler.

 

E ganz wichtegen Akteur um Plang vun der kommunaler resp. interkommunaler Sécherheet ass eise Pompjeeskorps deen den Service d’Incendie et de Sauvetage exécutéiert.

 

Eis motivéiert a gutt instruéiert Pompjéen, déi och fier en gudden Nowues suergen, beméien sech matt allem Sérieux ëm d’Sécherheet vun eise Bierger hierer kierperlecher Intégritéit an hire Gidder. Hinnen ass keng Stonn ze fréi a keng ze spéid fir an den Asaz ze goen, ënnert deene beschte Viraussetzungen vun Formatioun, Weiderbildung zu Letzebuerg oder am Ausland, an regelméissegen Uebungen, kommunaler, interkommunaler an régionaler, mat modernem Equipement.

 

An duerzou gett et och elo deemnächst méiglech gemat fier daat modernst Gefier „One Seven“ optimal ze manipuléieren andeem datt mer derfir suergen datt eng Uebungsfläch ugeluecht gett, déi nett nëmmen vun eisem Corps benotzt gett, mais och als nëtzlech vun anere Gemengen ugesi gett. Mat deenen gett eng finanziell Participatioun festgeluecht.

Den bestännegen Dialog tëschent dem Buergermeeschter an dem Chef de Corps dréit zu enger gudder kommunaler Zesummenaarbecht baï déi drop ziilt fier d’Sécherheet an der Gemeng stabill ze haalen a wou nach méiglech ze verbesseren.

 

IV. SOZIALES

 

Am sozialen Beraïch bleiwe mer aktiv so wéi daat an der Vergangenheet ëmmer de Fall war. Fier den 3. Alter, fier déi eelst Generatioun esou laang wéi méiglech an hierem gewinnten Milieu an Emfeld ze behalen. Fier datt se sech do esou laang ewéi méiglech wuelfillt, duerzou hu mer baïgedroen an dem dat mer hinne méisaiteg Aktivitéiten, Strukturen, Infrastrukturen ugebueden hun, déi vun ganz villen genotzt gi sinn. Si kënnen weiderhinn vun engem gudden organiséierten öffentlechen Transport profitéieren deen nach emmer verbessert gett. Sport an kulturell Manifestatiounen stinn hinnen op, duer wou mer se mat öffentleche Moyensen brengen. Di interkommunal Strukturen an Infrastrukturen déi fir den 3. Alter an d’Liewe geruff gi sinn ginn vun deene Eeleren genotzt, wéi Club Seniors, Aide an Soins à domicile, d’Help Dingschter.

De „Flaïssege Fiisschen“, en Dingscht vum CIG-R, ass hinne op Ufro behëlleflech.

Eis Assistante sociale souwéi eisen Pensiounsberoder huelen sech hirer Suergen an Besoinsen un.

An der Zukunft waerte mer derfir suergen datt hir Fraizaïtgestaltung nach ausgeweit an diversifizéiert gett wéi z.B. mat Vierliesungen an Informatikkuren.

Fir d’Solidaritéit ze staerken, beméie mer aïs fir dass déi déi méi zéi sinn, op eis ugebuede Fester kommen. Dat hu mer döst Joer schon probéiert. Si sollen sech zu esou vill wéi méiglech an enger gudder Ambiance erëmfannen.

An hirem natirlechen Emfeld fannen se an eiser Gemeng déi beschtens gefleegten Wanderpied, am Dall an op der Héicht, am  Bösch an um fraïe Feld.

D’Amiperas-Sektioun déi mer materiell an finanziell ënnerstetzen, bereeden, dem 3. Alter geselleg an interessant Porte-Ouverten an Sortien.

Wann d’Autonomie vun de Leit noléisst hu mer fir si vill an genuch Méiglechkeeten fir se adequat ënnerdaach ze brengen. Do si mer hinnen behëlleflech an Strukturen wéi Maredoc – Heeschdref, wou Entgéintkommen Tromp ass, bei Claire a.s.b.l. zu Letzebuerg, wou mer e Recht op 5 Better hunn, zu Boufer oder Bierschbech, mat deenen Haiser hu mer di bescht Relatiounen duerzou.

An döser Period setze mer weider op den sozialen Wunnengsbau. Am Kader vun der consultaltion rémunérée, Helsem-Heeschdreff. Um site zu Mëlleref um gemengeneegenen Terrain Eck Rue de Hunsdorf – Rue Paul Eyschen. Bei Geleenheet vun der Opstellung an Ausféierung vun PAPen souwéi dat am Bebauungsgesetz virgeschriwen ass. Domat gi mer mannerbemëttelte jonke Stéit d’Méiglechkeet zu abordable Praïsser eng Eegentums- oder Mietwunneng ze bezéien.

Kanner déi aus méi sozialschwaache Schichten kommen sollten fir eis wuelhabend Gesellschaft keng Stéifkanner sinn an sollten och ënnert bestemmten Konditiounen vun engem Vakanz- an Erhuelungsopenthalt kënne profitéieren.

Behënnert Persounen sinn nett um Rand vun eiser Gesellschaft unzesidelen. Keng Diskriminatioun fir si. Glaïchwaerteg Bierger. Si fannen hir Plaz ënnert allen aneren a ginn glaïchbehandelt. Erliichterten Zougank zu allen Manifestatiounen an Zervisser. Hierem Handikap gett wouméiglech Rechnung gedroen bei allen öffentlechen Infrastrukturen.

 

An de Baugeneemegungen gett recommandéiert fir der eventueller fréi oder spéider Präsenz vun enger handikapéierter Persoun Rechnung ze droen.

 

Eisen interkommunalen „Office Social“ Steesel-Lorentzweiler ënner Steeseler Präsidenz a mat kompetenten Memberen fonctionnéiert gudd. Vun do aus gett alle Leit déi an der Nout sinn gehollef an hire Misär erliichtert oder ekartéiert.

D’Epicerie sociale zu Rolleng, fir déi méi sozial schwach, leeft zur gréissten Zefriddenheet vun hiren villen Clienten.

 

Eis intensiv Zesummenaarbecht mam CIG-R, fir déi mer fir d’nächst Joer, am Budget eng verstaerkt Subventioun virgesinn hunn, dréit derzou baï fir Leit déi ouni Aarbecht sinn ze iwerbrecken an se esou schnell wéi méiglech erem an den Aarbechtsprozess agegliddert ze kréien.

En Appell maachen mer an behëlleflech si mer fier „assistants parentauxen“ ausgebillt ze kréien fier den Elteren déi wëllen engem Beruff nogoen hier Kanner ze versuergen. D’Konzept vun den Dageselteren soll och derzou baïdroen de Kanner ee méi familiäre Kader ze bidden.

 

An der „Maison Relais“, a Relatioun mat der Ecole Fondamentale, gett dat pädagogescht berücksichtegt, dat och an Zesummenaarbecht mat der Elterenvertriedung.

 

Dat sin Moossnaamen déi an de Kader vun der Chancenglaïcheet tëschent Fra a Mann, déi mer virdundreiwen, passen. An deem Sënn hu mer och eng staark Participatioun vun de Fraen an den Gemengekommissiounen.

 

 

V. INTEGRATIOUN

 

Eng vun deene groussen Erausfuerderungen an der Zukunft fir Letzebuerg ass d’Integratioun vun de Letzebuerger an den Nett-Letzebuerger. De Gemengen hier Beméiungen sinn an deem Beraïch gefrôt. Si sinn déi déi duerzou en substantiellen Beitrag kenne leeschten.

Integratioun ass wichteg fir dat sozialt Zesummenliewen.

 

Mir hunn hei an der Gemeng ronn 40 % Nett-Letzebuerger, zesummengesaat aus 66 Nationalitéiten. Dat bedeit vill Integratiounsaarbecht a stellt secherlech seng Problemer um Nivo vun eiser Ecole Fondamentale an der Maison Relais.

 

Integratioun begraïft Respekt, Toleranz an Solidaritéit.

Fir an der Integratioun weider ze kommen hu mer vill Strukturen hei an der Gemeng wou daat ka geschéien. D’Zougehéiregkeet zu engem Veraïn, steet duerfir jiddferengem op, a mir waerten all Effortsen maachen fir daat ze förderen. Mir waerten déi eenzel Communautéiten, och déi minoritär, zesummenruffen fir weider Mëttel a Weer ze fannen am Sënn vun der Promotioun vun der Integratioun.

 

Mir insistéieren bei den Nett-Letzebuergeschen Matbierger fier un letzebuergeschen Sproochkuren deelzehuelen. Dat gellt fir all Erwuessenebildung.

D’Noperschaftsfester déi bei aïs zur Traditioun gi sinn droen zum Zesummeliewen baï.

 

Eisen Nationalfeierdag, ass wat d’Fête Populaire um Virowend, ugeet, vun groussem Erfolleg markéiert. An dee Kader hu mer och eis “Fête de l’Amitié“, d’Fest vun den Nett-Letzebuerger, agereit. Fir dem Virowend vum Nationalfeierdag nach méi e groussen Elan an Eclat ze ginn, maache mer en speziellen Opruff un all Matbiergerinnen, Matbierger a Veraïner fir och massif um offiziellen Deel vun den Feierlechkeeten deelzehuelen.

An de berodende Kommissiounen sinn eis Nett-Letzebuerger Matbierger wëllkomm.

Den Integratiounspakt gett ënnerschriwwen. D’Informatioun am Interesse vun den Nett -letzebuergeschen Matbierger gett méisproocheg gehalen. D’Integratiounskommissioun muss an der Integratiounsaarbecht eng Virreiderroll spillen.

 

VI. EMWELT

 

Emwelt, an Naturschutz, e ganzt wichteg Thema.

Mir sinn 2007 als Naturgemeng augezeechnent ginn, well mer während Joeren um Plang vun der Ekologie vill Effortsen gemat hunn.

Mir schaffen intensiv un der Erneierung vun eisem Bebauungsplang, opprond vum modifiziéierte Gesetz vun 2004 iwert d’Bebauung vun den Gemengen. Ett ass eng Prozedur déi komplizéiert ass besonnesch wat d’Virschreften ubelaangt iwert d’Anhuelen vun Avisen an Autorisatiounen.

D’Modifikatioun baséiert och op

–       Baïbehaalen vun der bestehender Bebauungszon

–       keng Ausdeenung vum Perimeter

–       Erhaalen vum ländleche Charakter

–       Protektioun vun den Biotopen

–       Reservatioun vun Terrain fier öffentlech Zwecker

–       Oeffentlech Siten virgesinn wou Leit sech kënnen begéinen a bequem ophaalen.

Do wou fir spéider PAPen virgesi sinn, maache mer schémas directeurs déi mer mat allen betraffene Propriétairen bespriechen wéi z.B. zu Steesel am Zentrum, zu Heeschdreff „An der Jenkewiss“, „Am Raedelsflass“, an um Site vun der fréierer Gipsmillen „Irthum“. Dat am Sënn vun der harmonëscher Entwëcklung vun deene Wunngebidder.

En PAP gett elo gemaat an der Rue Basse, wou mer dann erëm e schéint Bild an der Entrée vum aale Steesel kréien a besonnesch eng weider gutt Impressioun vun dém soss schéinen Duerf an der Gemeng.

 

Wat d’Offallwirtschaft ubelaangt, do setze mer virun allem op d’Offallvermeidung, strikt Vermeidung vun der Offallentstéiung, speziell vun toxëschen an geféierlechen Substanzen.

 

Vermeiden vum nett onentbierléchen Matérial an dem Wuerenkonsumm. Do vermëttele mer den Konsumenten déi néideg Verhalensregelen déi beim Akaaf an nom Konsum z.B. sollen berücksichtegt ginn. Mer verweisen do och op den Kodex vun der „Semaine de la réduction des déchets“ europaësch Woch vum 19.-27. November 2011, also ganz rezent.

 

En neien Recycling-Center gett interkommunal mat der Walfer Gemeng organiséiert. Dat ass méi rationnell an mer schaafen Méiglechkeeten vun enger méi grousser Palette vun Offallofhuelen. Domat verschwennt dann och den aktuellen Recycling-Center aus der Wunnzon. E kennt an d’Industriezon, wou en higehéiert.

 

E gett méi secher ugeluecht an ëmmer nach ausbaufäheg.

Nom Ofbau vum Recycling Center bei der Mëllerefer Bréck gett op déer Plaz eng Gringfläch ugeluecht, parkähnlech, als Fraïzaïtgebued, a Verschéinerung tëschend Mëlleref an Heeschdref.

 

Der Biodervisitéit gett also och no bei der Uelzecht eng héich Bedeitung baïgemooss.

 

Mat de Baueren si mer amgaang ze schwätzen iwer d’Verschaffen vun de Kichenoffäll an den Offall vum Bâm- an Heckensschnëtt. Doranner passt och d’Diskussioun iwer d’Zoubereedung vun Humus fir dorun interesséiert Verbraucher.

 

Schonn am Laf vun 2011, den 22. Abrëll, huet eise Gemengerot sech géint déi friddlech Notzung vun der Atomenergie ausgesprach.

Am Energieberäich hun d’Gemengen eng ganz besonnesch Virreiderroll ze erfëllen, duerch eng vierbildlech Astellung wat den Verbrauch vun Energie an hiren Infrastrukturen ubelaangt.Energiespueren ass dat ierwescht Gebot. E geet schon an de Schoulen un.

 

Promotioun vun den erneierbaren Energien.

 

Energieeffizient Moossnâmen bei Neibauten an Embauaarbechten vun den Heizungen ginn subventionnéiert, vum Staat a vun der Gemeng. D’Subventiounen vum Staat loossen oft laang op sech wuarden. Do gräift d’Gemeng manner Bemëttelten ënner d’Aerm an deem datt se déi Primen viersträckt.

 

Klient gi mer op den Baueren hirer Biogasanlag, ënnert der Konditioun datt mer vun der Hensdrefer Stroos aus en Accès dohinner schafen.

 

D’Aktioun „Grénge Stroum“ feiere mer weider.

 

Energieberodung an Sensibiliséierung sinn wichteg. Dat maachen eisen Emweltservice, mat engem spezialiséierten Architekt an My Energy. D’No- an Ufroen sinn importent. All Moossnamen an Aktiounen ziilen op d’Reduktioun vum CO2-Ausstouss.

 

Op d’Drénkwaasserversuergung lée mer eng ganz besonnesch Opmierksamkeet, well déi liewenswichteg ass. Mir sinn op deem Plang an enger ganz gudder Situatioun souwuel quantitativ ewéi qualitativ. Vun 2 Platauën gi mer mat SEBES Drénkwaasser versuergt, Steesel an Heeschdrëf.

Den SEC (Syndicat des Eaux du Centre) reguléiert d’Quantitéit tëschent de Gemengen. Mir kontrolléieren regelmässeg d’Qualitéiet. D’Quellen déi kënnten e Risiko fir d’Gesondheet duerstellen, sinn ausser Betrieb gesat. De Quelleschutz ass a gett weider garantéiert. D’Ortsnetz bessere mer kontinuéierlech aus fir Drenkwaasser ze spueren an fir d’Alimentatiounsofsëcherung

 

Déi nächst Period gëllt och der Ausweidung an der Erneierung vun den Ofwaasserkanäl am Hibléck vum Proppergestalten vun eise Gewässer an datt mer nach an den Délaien bleiwen fir déi öffentlech Subventiounen ze kréien.

 

Mat der Erdgasverleeung gi mer mëttelfristeg an der ganzer Gemeng faerdeg, bis op den Haff: Duer kënne mer net fir de Gas brikoléieren goen, soss rutschen déi ugeschloen Stroossen . „Den Haff“ get mat Gas equipéiert au fur et à mesure vun den Stroosenerneierungen.

 

 

A propos „Den Haff“, en Dauerbrenner wat d’Rutschgefor ubelangt.

Bestänneg si mer am Zugzwang fir d’Secherheet vun Persounen a Gidder ze garantéieren. Virun kuerzem hu mer eng kostspieleg vum Geriicht ordonnéiert Expertise vun 345.000.- Euro bezuelt. Eng Expertise déi nach muss ergänzt ginn duerch Nofuerschungen. Vun den Secherheetsmoossnamen nach net ze schwätzen. Dringend Moossnamen ginn direkt geholl am Intérèt vun der Secherheet.

 

A part ça, ass „Den Haff“ awer en ekologesch waertvollen Domaine dée mer weider an Zukunft fleegen. Wou mer Kulturelles organiséieren ouni d’Bewunner ze belästegen.

 

Allgemeng sinn eis Stroossen an engem impekkabelen Zoustand.

 

Zu Heeschdrëf gett d’Rue du Moulin am Kader vun der Ausféierung vun engem PAP erneiert.

 

An eise Kantinen suerge mer derfir, am Sënn vun enger gesonder Ernährung regional an saisonal Produkter ze verwenden. An de Schoulen gett fir eng gesond Ernährung sensibiliséiert. Geegente Moyen duerzou ass dée vun de Schoulkanner ugeluechte Schoulgaart um Schoulkampus. Den Öko-Muart, dée mer no Récksprooch an Propositiounen vun den Participantsen 1 x am Joer am Hierscht um Steeseler Bierg organiséieren, soll d’Geleegenheet ginn fir einheimesch Produkter zum Verkaaf ze offréieren.

 

D’Renaturéirung vun der Uelzecht gett do weidergedriwwen wou et méiglech ass. Dat ass fir d’Biodiversitéit ze verstaerken an fir d’Iwerschwemmungsrisiken ze reduzéieren.

 

A propos Iwerschwemmungen, do treffe mer déi néideg Moossnamen fir déi kompromettéiert Ustéisser vun der Uelzecht virun Iwerschwemmungsgeforen ze protégéieren.

 

Mir sinn och Klima-Bündnis Gemeng:

Ennerstëtzung vun Projeten an der 3. Welt am Aklank mat ONG-E. Am Kader vun der Alimentatioun „Steesel, Gemeng vum Fairen Handel“.

 

 

Mir wëllen als Gemeng e klengen Bäitrag zu enger sozial an economesch méi gerechter Welt leeschten andeems mir iwwerall do wou et méiglech ass an der Gemeng, fair gehandelt Produkter verwenden. Hei soll et net drëms goen déi lokal oder regional Produkter duerch de Fairtrade ze ersëtzen mä bei Importprodukter opzepassen vu wou se kommen.

 

Genau wéi mir d’Matbiergerinnen an d’Matbierger fir déi nohalteg Entwecklung mat hiren drei Säilen,  Ecologie, Economie a Soziales, invitéieren matzemaachen, a wéi mir als Gemeng se praktizéieren, esou wellle mir och eis Betriiber encouragéieren, hiren Beitrag duerzou ze leeschten.

 

VII. KULTUR

 

Et ass gewosst datt mer hei an der Gemeng eng breed an interessant Offer vun kulturellen Manifestatiounen hunn.

 

Et geet esou weider virun mat Concerten mat eiser Harmonie an auswärtegen Formatiounen, Cabaretsen, wéi elo demnächst den „Cabarenert“ mat och bekannten Akteuren aus eiser Gemeng, Theater vun Erwuessenen a Kanner aus der Ecole Fondamentale, Zirkus mat eise Schoulkanner. Vierliesungen mat einheimeschen an aneren Schrëftsteller an de Schoulen, an den Altersheimer, an eise Kultursäll.

 

Ausstellungen mat „Art à l’Ecole“ – Sektioun, déi an engem staarken Mooss derzou baidréit datt schon de Goût fir d’Kultur bei deenen Jëngsten gefördert gett. Eng Aktioun déi och vun der Ecole Fondamentale gedroen gett.

 

Den Park „Am Haff“ eegent sech gudd fir kulturell Ausstellungen, niewt dem Kulturhaus, fir grouss a kleng, mat Fotografien, Skulpturen an d’gett ennersicht fir do e Frailiichttheater ze organiséieren.

 

Weider Ennerstëtzung vum Syndicat d’Initiative bei sengen Aktivitéiten an notamment vun sengen regelméissegen Ausstellungen.

Eis Musikcoursen an Zesummenaarbecht mat der Museksschoul vun der UGDA ginn weider ausgebaut, dat am Sënn vun emmer méi enger breeder Offer fier Interesséierter an besonnesch fir den Gesankveraïn an d’Harmonie mat neien Akteuren ze dotéieren. Eis Harmonie ass momentan am Opschwonk, den Nowuess ass grouss. D’Effortsen vum Comité, Musikantinen an Musikanten verdingen datt mer se kräfteg finanziell bei der Uschafung vun neien Uniformen ënnerstetzen.

Eis Infrastrukturen fir Kultur ginn weider moderniséiert an rationell mat Liewen gefëllt.

 

Fir all eis Manifestatiounen an Organisatiounen gesi mer sozial ugepassten Entréespraisser fir an ginn eng adequat Reduktioun fir Studenten an Pensionnéierter. Pensionnéierter deene mer den Déplacement zu den Spektakelen erliichteren.

Ett ass imminent datt mer en sentier culturel duerch d’Gemeng uleen.

 

VIII. SPORT + FRAÏZAÏT

 

Am Beraïch vum Sport hu mer Veraïner déi bedeitend Leeschtungen opzeweisen hunn. Wat ganz besonnesch wichteg ass, si maachen eng brillant Jugendaarbecht. Duerfir verdingen se eis Unerkennung an eis weider Ennerstetzung.

 

Iwregens am Verainsliewen am allgemengen, gett d’Benevolat nett genuch unerkannt. Doriwwer schwätze mer mat den Verainer fir eng ugemiessen Belounung fir déi fraiwelleg Hellfer anzeféieren. Dat gett eng Mossnam déi soll derzou féieren fir d’Mataarbecht an de Verainer méi attraktiv ze maachen.

 

Eis Sportsinfrastrukturen ginn weider um beschte Stand gehaalen.

 

Verdingschtvoll Sportler, an aaner Akteuren déi sech z.B. kulturell erfiergedongen hunn, ginn vun der Gemeng belount an ervirgestrach.

 

Eis interkommunal Piscine PIDAL ass an de läschte Jôren mat domat héichverbonnene Käschten moderniséiert ginn. Käschten déi opgrond vun Praissteigerungen an nett ursprünleg Virgesinnenem nach ugewues sinn. An de Rendement wuâr nett daat wât versprach an sech erhofft gi wuar.

 

Weiter Investitiounen an de PIDAL ginn eréischt getätegt wann d’Finanzen ett erlaaben.

 

Een deen hei an der Gemeng eng Fraïzaïtbeschäftegung sicht, deen fënnt se, nett nemmen an de Veraïner, och um Terrain. Mir hunn duerzou villes zur Verfügung. Eis Bëschgebidder fier ze wanderen, eis Renaturéirungsgebidder déi ee kann genéissen, Velospist an eisen Park „Den Haff“. Renaturation, déi eisen Dall attraktiv mecht gett weidergefouert do wou ett méiglech ass.

 

IX. VERKÉIER + STROSSEN

 

Zu Letzebuerg hu mer allgemeng e Problem mat dem Verkéier, virun allem mam Individualverkéier, deen vill zevill dicht ass. Besonnesch d’Gemengen ronderem d’Stad kennen den Phénomène, mir hei och zu Steesel. Mir hunn en performanten öffentlechen Transport mais e gett nach ëmmer nett genuch genotzt. Bus + Zuchlinnen, zu allen Zaïten an op vill Plaazen vun der Stad Letzebuerg. Am Sënn vun der Sécherheet a vun der CO2-Reduzéierung setze mer op intensiv Sensibiliséierungskampagnen fir den Modalsplit 25/75 ze erreechen. Fir Moderniséierungen an Erlicherterungen an weideren Ausbau vum öffentlechen Transport setze mer ais weider an. Busheisercher. Elektronesch Annonce vum nächste Bus stinn um Programm.

 

Gewosst ass datt d’Rue de Hunsdorf zu Melleref en geféierlechen a fir d’Ustéisser en lästegen Schlaichwee ass, wou mer bei den zoustännegen staatlechen Verwaltungen ëmmer erem op Granit stoussen wann et drems geet de Schued a Grenzen ze halen. Mais mer ginn eis nett fir Moossnamen ze erreechen déi déi Staatstrooss manner attraktiv maachen.

 

Mir wössen datt d’Rue de Bridel zu Bäreldeng an déi zu Steesel geféierlech an och fir d’Ustéisser onbequem Stroossen sinn.

 

Déi nei Op- an Offârt vum Biergerkraïz – Rue de Luxembourg RN7 Heeschdreff wier eng Léisung wann se nett ging an den Zentrum vun Steesel an an d’Rue de Hunsdorf zu Mëlleref méi Verkéier brengen. Géint déi aktuell Planung vun der Trass wiere mer ais mat alle Mettelen fir dës grenzenlos Nuisancen fier Steesel a Mëlleref ze verhënneren.

 

Am Kader vun dem Ausbau vun den Fusiounsbaueren hirer Biogasanlag zu Mëlleref an de Miessen, ass et eng Conditio sine qua non fir vun der Rue de Hunsdorf op d’Miessen eng nei Strooss fir d’Landwirtschaft ze bauen déi dann soll op de Steeseler Plateau verlängert ginn. Domatt ginn déi bewunnten Siedlungen vum landwirtschaftlechen Verkéier entlaascht. Gespréicher an deem Sënn sinn scho méi laang mat de Baueren an den zoustännegen Verwaltungen mat Erfollëch amgaang.

 

 

Heeschdref PN18.

D’Barrière zu Heeschdref, geféierlechste Punkt aus der Gemeng, wou 5 Stroossen zesummenlaafen, Rue du Cimetière, 2x Rue de la Forêt Verte an Rue du Chemin de Fer. Treffpunkt vun villen Gefirer; déi Zuel hëllt ëmmer nees zou duerch:

–       Duerfentwecklung am ieweschten Deel vun Heeschdreff

–       Bestand vun den Schoulen

–       den zentralen Kierfecht

–       den Iwergank gett och ëmmer méi geféierlech duerch d’Zouhuelen vum Zuchverkéier.

 

Ee Gleck datt Heeschdreff entlaascht ass vum Schlaïchverkéier deen ëmmer iwer den Heeschdreffer Bierg erofkomm ass.

D’CFL an de Staat sinn sech der Gefôr vun deem PN18 bewosst, a sinn fier seng Schléissung; dat ass iwregens d’Politik déi fir d’ganz Land gellt, all Barrière ass eng Gefôr.

Mir schléissen aïs bedingungslos déer Astellung unn.

 

Dësen Iwergank soll esou schnell ewéi méiglech fir motoriséiert Gefierer zougemaat ginn, bleiw soll op déer Plazen secheren souterrain fir d’Foussgänger, Velos- a Rollstullfuerer. En souterrain fir Vehikelen soll op déer Plaz gebaut ginn, wou de Projet schon faerdeg ass an zwar Letzebuerger Strooss, Pâd, Rue de la Forêt Verte, an daat esou schnell ewéi méiglech. D’Eliminatioun vum Geforepunkt am Interessi vun sengen Usageesen an vun der der Emwelt.

 

En attendant, gett an de Schoulen zu Heeschdreff Sensibiliséierungscampagnen organiséiert fir op d’Geforen an d’Secherheetsbehuelen op déier geféierlecher Plaz opmierksam ze maachen.

 

Den Tableau des emprises erlaabt eis Kontakter mat de Propriétären opzehuelen fier eventuell e Foussgängerwee laanscht d’Rue de Hunsdorf(Melleref-Hensdref) an d’Rue Basse (tëschent Baereldeng a Steesel) unzeléen.

 


X. INTERKOMMUNAL ZESUMMENAARBECHT

 

Déi interkommunal Zesummenaarbecht

 

Vu grousser Wichtegkeet.D’Uelzechtdall-Konventioun, déi vun deene Steeseler initiéiert gouw ass vun gréisstem Virdeel vun allen 5 bedeelegte Gemengen:- Miersch, Lëntgen, Lorentzweiler, Steesel a Walfer.

 

Zieler:

 

  • eng Ofstëmmung vun den respektiven Bebauungspläng
  • e Verkéierskonzept wat am Aklang mat der Verkéierspolitik vun der Stad Letzebuerg muss emgesat ginn. Dat ausgeschafftend Konzept ass schon am September virgestallt ginn.
  • Schaafen vun engem Service Ecologique régional
  • Vernetzung vun den Sentiers autoépédestres tëschent den Konventiounsgemengen an doriwer eraus mat den Ustéissergemengen.
  • Kuren, an Aktiounen an Manifestationen um regionalen Plang wann se méi effizient an rationnell sinn wéi um lokalen oder kommunalen Plang
  • D’Zielsetzungen ginn ausgebaut.

 

Interkommunal Steesel-Walfer:

 

  • Recycling-Center
  • Consultation rémunérée: Masterplang tëschent Helsem an Heeschdref op engem Gebidd vun 54 Hektar (CREOS)
  • Fräiléen vun Réimeschen Iwwerreschter tëschent Helsem an Heeschdref
  • Service de sécurité: fir d’Infrastrukturen

 

XI. FINANZEN

 

D’Gemengefinanzen sinn gesond

 

  • Déi ordinaire Konten weisen en zolitte Boni aus.
  • Gemengentaxen leien ënnert der Käschtendeckung
  • D’Gewerbesteier ass substantiell dank dem gudden Fonctionnéieren vun eise Betrieber; ass awer ofhängeg vun der wirtschaftlecher Konjunktur
  • D’Elth als gréisste Betrieb huet en considerabelen Emsaatz
  • En neie Betrieb Rollinger mat 137 Aarbechtsplaazen brengt méi Recetten fir d’Gemeng
  • All déi aner Betriber droen zur Beräicherung vun der Gemeng bäi
  • D’Grondsteier ass fir de Steierzueler keng Belaaschtung
  • D’Dotatiounen vum Staat hänken vun der wirtschaftler Lag of.

 

Eis Schold ass bedingt duerch d’Upassung vun den Infrastrukturen un déi modern Entwécklung vun der Gesellschaft, duerch dat staarkt Uwuessen vun der Awunnerzuel bedingt och duerch nei Missiounen déi d’Gemengen vum Staat zougedroe kritt hunn.

De Bierger spiert d’Schold nëtt.

 

Eise Programm gett ausgefouert laut Prioritéiten an no der jährlecher Finanzsituatioun déi analyséiert gett opgrond vun der allgemenger wirtschaftlechter Lag.

D’Infrastrukturen ginn präisslech sober gehalen, gëlle Klänschen mussen ett nett sinn, anerer leeschten och den Dingscht.

 

XII. VERWALTUNG

 

D’Verwaltung huet Missioun.

 

  • De Pouvoir politique op Problemer, interner an externer, opmierksam ze maachen
  • Mam pouvoir politique Léisungen ze fannen
  • Décisiounen auszeféieren, ënnert der Begleedung vun der Politik
  • Awer och besonnesch dem usager vum service public déi beschtméiglech Hëllëfstellung ze ginn, dat mat aller Zuvierkommenheet.

D’Verwaltung ass keen Selbstzweck mais steet am Dingsscht vun der Allgemengheet, an ass zur Verfügung vun deem Eenzelen fier seng berechtegt Wensch ze erfëllen.

Zu deem Zweck hu mier déi néideg Servicer mat motivéierten an kompetente Leit.

Mir ënnerscheeden

  • Klassësch Verwaltung
  • De Service financier an den
  • Service technique

déi e ganzt duerstellen.

 

D’Verwaltung gëtt no den berechtegten Besoinsen opgestockt wann Nout um Mann oder un der Fra ass, dat am Intérèt vum tadellosen Fonctionnement vun den Servisser.

D’Moderniséierung duerch Informatiséierung ass an den heitegen Zaïten eng Selbstverständlechkeet.

 

Den Syndicat de gestion informatique Sigi ass senger Missioun gerecht, wann en eis bestänneg op dee läschten Stand vun senger Offer vun Servisser fier den usagers adaptéiert. Sou hate mer schon den 25. November eng Réunioun mat de Spézialisten vum Sigi fier am Kader vun „ma commune“ ze innovéieren, hunn décidéiert fir an dat System mat eranzeklammen fier dem usager vum Service Public saïn Wee ze verkierzen.

Weider Wifi Plazen ginn ageriicht.

D’Informatioun un d’Bevölkerung am Sënn vun der Transparenz gett massiv verstärkt mëttels iwersiichtlechem Matdeeelungsblad, Internet-Site, Info-Kanal an Test-Sendung. Dat och fir dem interesséierte Bierger eis Aarbecht méi no ze brengen.

 

Decisiounen an Realisatiounen vun den kommunalen Organer ginn, souwaït et zoulässeg ass, opschlossraïch an objektiv un den Public erungedroen.

 

Eis Regiebetrieber sinn a gi weider mat modernem Material equipéiert fier dem Bild vun der Gemeng déi beschte Qualitéit ze ginn. Gudd Personal muss och gudd behandelt an entlount ginn. Duerfier revidéieren a verbessere mer de Régime vun den Nett-Fonctionnairen. D’Fonctionnairen ennerleie dem Statut vum secteur communal. Dës Revisioun geet a Richtung Glaïchbehandlung vun all deenen déi sech an déier selwechter Situatioun befannen.

Emmer erëm gi mer befaasst mat Problemer vun Noperschaftskonflikter. Also mat Situatiounen déi nett an der Kompetenz vun der Gemeng leien. Mam Centre de Mediation maache mer en Accord fier en Médiateur anzesetzen, zu bestömmten oder flexibelen Zaïten, fier eventuell esou Konfliktsituatiounen aus der Welt ze schâfen ze versichen. Deen Service gett gratis fier d’Parteien déi en cause sinn. Gespréicher an deem Sënn sinn schon méi waït fortgeschratt an den Service kann deemnächst fonctionnéieren no öffentlecher Opklärung vum Public.

 

Déi konsultativ Gemengekommissiounen droen wesentlech zur Meenungsbildung vun den kommunalen Instanzen baï. Si ginn gudd Ustéiss fir Innovatioun, Gesellegkeet an Modernitéit. Mir proposéieren, fir d’Effikassitéit vun den Kommissiounen ze verbesseren, hier Zuel erofzesetzen an méi Beraïcher an verschiddenen Kommissiounen ze konzentréieren wéi z. B. d’Kulturkommissioun an d’Commission du Développement durable. D’Kommissiounsmemberen kréien en Jeton bezuelt a sinn op effektiv Memberen begrenzt. D’Konstellatioun an d’Zuel entspriechen deene vum Gemengerot.

 

Wichteg ass och datte mer 2 Mol all Joer d’Bierger alleguer aus der Gemeng zesummenruffen, fir se iwer Neies aus der Gemeng opzeklären.

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)